
D’Séissel vun der Guillotine
Spekulativ Fiktioun aus Lëtzebuerg
Den Ugo iwwerfält eng Bank. D’Jet hëlleft him. Et ass eng Realitéit, déi eis bekannt ass an awer och net. Dem Ugo seng Welt ännert sech schnell, nodeems hie mierkt, dass säin Iwwerfall eng Fal war. An esou, mam Drang no Äntwerten an Adrenalin, mécht den Ugo wat hien hätt misse scho virdru maachen…
An dëser méi laanger Heist-Kuerzgeschicht, dominéiert vu giganteschen Himmelsdieren, wou Individuen, Magie a Kreaturen aus verschidde Welten duerchfalen, versicht den Ugo seng Wuerzelen erëmzefannen.
D’Séissel vun der Guillotine ass spekulativ Fiktioun an erfënnt e verfriemte Lëtzebuerg, wat d’Problemer vun eiser Realitéit spigelt, dat awer, op enger anerer Aart a Weis…
D’Séissel vun der Guillotine ass disponibel als eBook op Amazon!
En Abléck an d’Buch
Se houngen an der Loft.
Roueg.
Gigantesch.
Wéi wann se d’Séissel vun der Guillotine wären, déi nëmmen dorops waart, fale gelooss ze ginn. Et sinn d’metallen Himmelsdieren, déi iwwert de Käpp vum Alldag existéieren. D’Portaler an aner Welten. Heiansdo ginn se op a späizen eppes eraus. Individuen, déi sech ënnert d’Leit mëschen, wéi wann se schonn ëmmer en Deel vun der Gesellschaft gewiescht wären. An, méi oft wéi net, bréngen se Saache mat sech – Technologien, déi mer nach net verstinn. Magie, déi eis ze komplex ass. Mee si och si just Opfer vun hirem Schicksal, verdaamt dozou fort vun hirer Realitéit ze liewen.
Exiléiert.
Copyright © 2022 Cosimo Suglia
All rights reserved
This eBook is first published in Luxembourg by Cosimo Suglia in 2022
By buying this eBook, you are allowed to access, as well as read the text of this eBook
None of this text may be distributed without consent of the author Cosimo Suglia, under any form or circumstances
Cover design by Cosimo Suglia
Based on ‘Portrait of Olga Petrove’ by American artist Rolf Armstrong
Original art availabe under public domain at https://artvee.com
https://cosimosuglia.com
cosimoprivate@gmail.com
You must be logged in to post a comment.